Henri Losch, 1931 zu Dikrech gebuer. Linguist, Kannerbuch- an Dréibuchauteur, Iwwersetzer an Erzieler. Hien ass och als Theater- a Filmschauspiller ervirgetrueden. Nieft Krichserënnerungen ("Sou laang een drun denkt … Grouss a Kleng am Krich", 1985, an "E Bouf erzielt. Eng gewéinlech ongewéinlech Kannerzäit am Krich", 2004, huet den Henri Losch och nach eng Biographie iwwert den Tun Deutsch (1995) a verschidde Kannerbicher publizéiert: "En drolege Schlasshär" (2002), "Am grujelegen Tunnel" (2003) an "En Däiwelsgesiicht. Nei Geheimnisser vum 'Drolegen Schlasshär" (2005). 2006 koum dat vun him op Lëtzebuergesch iwwersate Kannerbuch "Wat ass da mam Mound lass?" eraus. Am Hierscht 2007 si vum Auteur selwer geliesten Auszich aus "E Bouf erzielt. Eng gewéinlech ongewéinlech Kannerzäit am Krich" als Hörbuch erauskomm an säi éischte Krimi "Häerzerkinnek" erauskomm.