Literaturpreis Prix Servais 2018

Nico Helminger mit dem Servais Preis 2018 ausgezeichnet

Wir gratulieren Nico Helminger, der für „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ mit dem Prix Servais 2018 ausgezeichnet wurde.Die Fondation Servais vergibt jedes Jahr diesen Preis für das bedeutendste Buch des Vorjahres. Am Sonntag, den 24. Juni um 11.00 Uhr erfolgt die feierliche Überreichung des Preises im Centre national de littérature in Mersch.    

Neuerscheinung März 2018

François Bausch, Der Un-Geduldige - Skizzen eines politischen Lebens von Romain Meyer

In Der Un-Geduldige beleuchtet der frühere Journalist Romain Meyer den politischen Weg des François Bausch. Er recherchierte in zahlreichen Archiven und Dokumenten, vor allem hat er aber Zeitzeugen, Freunden und Gegnern von François Bausch zugehört. Das Resultat ist ein facettenreicher und spannender Einblick in die Entwicklung einer politischen Karriere und ein Rückblick auf Luxemburgs politische Zeitgeschichte der letzten vier Jahrzehnte.

 

Neuerscheinung Februar

„V wéi vreckt, w wéi Vitess” vum Samuel Hamen

V wéi vreckt, w wéi Vitess ass de literareschen Debut vum Samuel Hamen. Seng Erzielung iwwert déi tragesch Figur Devid Risch ass voll mat Witz an Ironie a gläichzäiteg bréngt den Auteur et fäerdeg, de Lieser direkt an d’Häerz ze treffen.

 

Neuerscheinung November

„WOOOW!!! LËTZEBUERG - D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees” – a véier Sproochversiounen

WOOOW!!! LËTZEBUERGD’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vum Keong-A Song. Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht.

Neuerscheinung November

„Iesel”, eng Erzielung vum Jean Back

D’Erzielung Iesel ass e pechschwaarzt Bild iwwert d’Verréiung an der Gesellschaft. Gläichzäiteg probéiert s’och déi al Thees vum tockskäppegen Iesel als en dommt Déier ze widderleeën.

Neuerscheinung November

„Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns” vum Guy Rewenig

Dem Guy Rewenig säin neiste Wierk Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns ass eng Sammlung vu 15 Geschichten, déi mat vill Ironie, awer och mat schwaarzem Humor an heiansdo surrealem Witz verfaasst gi sinn.

Neuerscheinung November

„Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge” vum Nico Helminger

Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge ass den éischte Roman vum Nico Helminger, dee bei den Éditions Guy Binsfeld erauskënnt. Den Autor erzielt Episoden aus dem Menn Malkowitsch sengem Liewen: wéi en no der Uni bei d’Post komm ass, wéi eng exzessiv sexuell Relatioun hien an eng Publicitéitsagence gefouert huet, wéi säi Bestietnis an d’Bréch geet an hie lues awer sécher de Verstand verléiert. Mee wien erzielt?

Neuerscheinung November

„Die Nächte” von Michel Clees & Ensemble, Buch und Musik-CD

Auf der CD Die Nächte werden eine Auswahl von Liedern und Gedichten der letzten 5 Jahre vorgestellt, darunter einige Texte des bereits publizierten Buches Die Abreise, aber auch Neues von Michel Clees sowie je ein Text von Serge Basso de March und von Bertolt Brecht.

Thematisch befassen sich die Texte mit dem Zeitgeschehen, zeigen menschliche Unzulänglichkeiten auf und entführen in eine bizarr anmutende Sinnlichkeit, die in all ihren Widersprüchen und Absurditäten zutiefst menschlich bleibt.

Neuerscheinung November

„SCHAARF MUNITIOUN“ DEM FISCHBACH SÄIN ZWEETE FALL AUS DER SERIE „GUDDE GENDAARM, BÉISE GENDAARM“

Schaarf Munitioun ass no Den drëtte Schlëssel den zweeten Deel mam jonken, éiergäizegen Enquêteur René Fischbach. No enger Rei Ulafschwieregkeeten huet sech den Haaptpersonnage an de vergaangene fënnef Joer zu engem vun de beschten

Ermëttler an der Lëtzebuerger Gendarmerie entwéckelt, an dowéinst ginn him déi schwieregst Kriminalfäll iwwerdroen.

Erëm do!

„Koppeges a Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt“ vum Henri Losch erëm ze kréien.

Déi beléiften Erzielunge vum Henri Losch aus „Koppeges a Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt“sinn an der drëtter Oplo do.

E Schoulmeeschter erënnert sech u koppeg a bosseg Situatiounen, déi en a sengem räiche Beruff erlieft huet, droleg Kanner, droleg Elteren, droleg Kollegen a Kolleginnen, droleg Paschtéier an droleg Notabilitéiten. A siechzeg Kuerzgeschichte léisst en net nëmme si déi rëm opliewen, neen, och déi Zäit an dee Milieu, an där déi Episoden sech ofgespillt hunn ...

bei Facebook

newsletter

programm 2017/2018

literatur

openscience