Lëtzebuerger Buchpräis 2018

And the winner is ...

Mir gratuléieren de Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2018: Den Nico Helminger gouf fir säi Buch „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ mam Buchpräis an der renomméierter Kategorie Literatur ausgezeechent. An d’Keong-A Song, grad wéi den Thomas Schoos hu mam Wierk „Wooow!!! Lëtzebuerg“ d’Kategorie Kanner- a Jugendbuch gewonnen. Mir freeën eis iwwert dësen Erfolleg.