Robert Schofield
De Robert Schofield huet zu Oxford modern Sprooche studéiert. Nodeems hien an England an am Zimbabwe am Bankesecteur geschafft huet, ass hien op Lëtzebuerg komm, wou hien zënter dem Joer 2000 mat senger a Fra a sengen zwee Meedercher lieft. De Robert Schofiel huet eng Rei Romaner a Kannerbicher geschriwwen. Säin éischte Roman “The Fig Tree and the Mulberry“ huet 2010 ee Präis am Kader vum Lëtzebuerger “Concours littéraire national“ kritt.