Op Lëtzebuergesch erzielt vum Martine Schoellen
32 Säiten
288 x 257 mm
Gebonnen
14,50 €
D’Abenteuer vum ZOG, dem klengen Draach, ginn an dësem zweete Buch weider. D’Prinzessin Pärel, de Ritter Wenzel vum Tour an den ZOG hëllefen an heelen ëmmer do, wou si gebraucht ginn. Den ZOG bréngt d’Dokteren aus der Loft ganz séier iwwerall hin a si treffe bei hire spannenden Erliefnisser op eng Mierjoffer, en Einhorn, e Léiw an nach vill aner Patienten.
Dat gefält dem Kinnek awer guer net, well eng Prinzessin soll keng Doktesch sinn, mä blimmeleg Këssercher brodéieren a schéi Blummebuckie bannen.
Wéi hien awer selwer krank gëtt an Hëllef brauch, muss hie seng Meenung erëm a Fro stellen ... mä kënnen d’Dokteren aus der Loft och de Kinnek retten?
Den ZOG an d’Dokteren aus der Loft, eist neit Kannerbuch vum Julia Donaldson a vum Axel Scheffler, iwwersat vum Martine Schoellen, koum als Weltpremière den 19. September eraus.
D’Sonn steet scho méi héich,
Du gesi si en Einhorn ënnert sech.
Et schäert mat sengen Houf a pintscht:
«Ech hunn en Har ze vill, et hënnert mech!»