zurück zur übersicht

Lëtzebuerger Buchpräis 2018

And the winner is ...

Gëscht Owend gouf d’Geheimnis am Kader vun enger feierlecher Owendveranstaltung gelëft. De Jury – Jay Schiltz, Charlotte Ziger, Jean-Marie Reding, Laurent Daubach an Nicolas Calmes –  hunn aus 57 Titelen d’Gewënner bestëmmt. An haut freeë mir eis iwwert d’Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2018: Den Nico Helminger gouf fir säi Wierk „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ mam Buchpräis an der renomméierter Kategorie Literatur ausgezeechent. An d’Keong-A Song, grad wéi den Thomas Schoos hu mam Buch „Wooow!!! Lëtzebuerg“ d’Kategorie Kanner- a Jugendbuch gewonnen. Ee super Erfolleg an ee gelongenen Owend!

 

D’Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2018 hei a Kategorien ënnerdeelt:

 

Kategorie Kanner- a Jugendbuch:

Thomas Schoos & Keong A-Song: Wooow!!! Lëtzebuerg, Éditions Guy Binsfeld

Kategorie Literatur:

Nico Helminger: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge, Éditions Guy Binsfeld

Kategorie Sachbuch/Beau Livre:

Luciano Pagliarini & Laura Caregari: Eugène Mousset. Le Maître d’Esch, Éditions Schortgen

Coup de coeur:

Nathalie Ronvaux: Subridere. Un aller simple, Hydre Éditions

Spezialpräis Design:

Histoires de famille, Maison Moderne

Publikumspräis:

Mike McQuaide: An American in Luxembourg, Éditions Saint-Paul