Am vergangenen Donnerstag fand im Boulodrome Riganelli in Esch/Alzette vor knapp 200 Gästen die offizielle Präsentation von „Cucina mia“ statt. Autor Georges Hausemer und Fotografin Véronique Kolber nutzten die Gelegenheit, sich in einer launigen Rede bei den zahlreichen Gästen für ihre Mitarbeit an „Cucina mia“ zu bedanken – und das nicht nur auf Luxemburgisch …
Présentation officielle de „Cucina mia“ / Intervention de Georges Hausemer
Där Dammen an Där Hären, signore e signori, cari amici, léif Frënn a Kollegen,
fir unzefänken, als Aperitiv souzesoen, géif ech Iech, och am Numm vum Véronique, gär Merci soen: Merci, datt Där Iech Zäit geholl hutt, fir haut hei ze sinn, fir mat eis zes. ze feieren an drop unzestoussen, datt eist Buch elo endlech do ass.
Virun allem awer wëlle mär, d’Véro an ech, deene vun Iech Merci soen, déi bereet waren, bei eisem Projet matzemaachen, obwuel si eis virdrun net kannt hunn. Obwuel si net woussten, wat op si duerkéim. Ganz am Ufank wousste mär, fir éierlech ze sinn, jo selwer net, wat aus eisem Projet géif ginn. An nawell war Där all spontan bereet, eis mat oppenen Äerm bei Iech doheem z’empfänken, eis Är Liewensgeschicht an nach vill aner Geschichten aus Ärem Liewen z’erzielen, eis, wourëm et jo haaptsächlech goung, Är léifst Rezepter ze verroden, dës Rezepter, wat souzesoen de Comble vun Ärer ospitalità war, och nach fir eis ze kachen an Iech dobäi, wouriwwer speziell d’Véro ëmmer erëm hellop begeeschtert war, och nach vun alle Säite, aus alle méiglechen an onméigleche Wénkelen a Perspektive fotograféieren ze loossen.
A proposito di ospitalità! A dir il vero, per questa mia breve presentazione, volevo rivolgermi a voi nella vostra lingua, cioè in italiano. Almeno alcuni fra voi sapranno che ho studiato al liceo, ben trentacinque anni fa, l’italiano per quattro anni. Poi all’università vi si è aggiunto lo spagnolo, e oggi, cioè … cuando hoy intento hablar italiano, me salen de la boca automaticamente palabras en español, il che non è certo il massimo quando uno vuole parlare della cucina italiana, quando uno si riferisce all’immigrazione italiana e a quanto essa ha influito negli ultimi cento anni sulle abitudini alimentari dei lussemburghesi. Ecco perché ho chiesto a Giuseppe Boggiani di tradurre per me alcune battute di questo mio saluto che vi rivolgo.
Merci, Jos! Mä domatt huet et sech dann och schonn. An auswennech kann ech mäin Text och net. Komme mer also endlech bei d’Entrée.
Datt mär haut grad hei am Boulodrome Riganelli beienee sinn, ass natierlech keen Zoufall, ganz am Konträr! Hei huet alles dat, wat mat dësem Buch ze dinn huet, ugefaang. Virun zimlech genee engem Joer koum ech hei nämlech an der Hoffnung eragetrëppelt, net nëmme Leit ze begéinen, déi Boccia spillen, mä och deer, déi eppes mat Kachen um Hutt hunn. Wéi konnt ech nëmmen dorunner zweiwelen!? Quasi all Italiener, deen d’Véro an ech an de Méint duerno kennegeléiert hunn, huet net nëmme gär giess a gedronk, mee meeschtens och nach exzellent gekacht. Wat eisem Buch natierlech zegutt komm ass, an hoffentlech och deene Lieser, déi eis Rezeptsammlung enges Daags an de Grapp huelen, fir déi eng oder aner Spezialitéit aus ganz Italien nozekachen. Ech kann Iech et verroden: Méi goureg gitt Där net mat dësem Buch!
Duerfir och elo direkt bei den Haaptplat: Meng 1. Visite hei am Boulodrome viru ronn engem Joer war natierlech absolut net mäin éischte Kontakt mat der italienescher Kiche ganz allgemeng. Wéi all gudde Lëtzebuerger hunn ech vu Kand u vun doheem aus Pastaschutta kannt an am Laf vun der Zäit zesummegerechent bestëmmt e puer Wochen, wann net esouguer e puer Méint a Pizzeriae verbruecht. Déi decisiv Fro awer war: Wou a wéini hat ech mäin alleréischte Kontakt mat den Italiener an hirer Kichen? Ech hunn iwwerluegt an iwwerluegt, an um Enn hunn ech meng Mamm ëm Rot gefrot – iwregens och si eng exzellent Kächen, déi u mengem Intressi fir alles, wat mat Kachen an Iessen ze dinn huet, net ganz onschëlleg ass. „Mamm“, sot ech, „wee war mäin éischten Italiener?“ Si huet net misse laang nodenken. „Dat war de Romeo“, sot si, „de Romeo vu Bari.“ Ech ka mech zwar net méi un de Romeo erënneren, mä meng Mamm huet bestëmmt recht – wéi bal ëmmer.
Et muss ëm 1960 gewiescht sinn, ech war ongeféier 3 Joer al, meng Elteren haten e klengt Haische geierft, mäi Papp war en einfachen Eisebunner, a fir d’Familljekees e bëssen opzebesseren, haten si an hirem Haischen en Zëmmer ënnert dem Daach ver-lount. Do huet de Romeo gewunnt, „de Romeo vu Bari“, wéi meng Mamm ëmmer seet, wahrscheinlech, well si keng Ahnung huet, wou dat Bari iwwerhaapt läit. Och ech selwer sinn, niewebäi bemierkt, eréischt iwwert der Aarbecht un dësem Buch méi Geneeës a ganz vill Neies iwwer Apulien an déi 19 aner italienesch Regioune gewuer ginn.
De Romeo awer war deemools net nëmme eise Locataire. Hien huet och eng Kéier fir meng Eltere gekacht, wéi meng Mamm sech nach genee erënnere kann. An zwar Spaghettië mat Tomatenzooss, déi si bis haut net vergiess huet. Well déi Tomatenzooss, déi war mat esou vill Olivenueleg präparéiert an esou schaarf, datt – Zitat – „de Papp an ech d’ganz Nuecht net méi vun der Toilette koumen a mär och nach de ganzen nächsten Dag am Bett louchen, well eise Mo därmoosse rumouert huet“.
Keng Angscht, Där léif Leit, zanterhir hunn d’Zäiten sech dach e bësse geännert. Deene meeschte vun eis hire Mo ass mëttlerweil un Olivenueleg a schaarfe Paprika gewinnt. Duerfir komme mär och elo gläich bei den Dessert. An dee besteet, wéi kéint et anescht sinn, aus eppes, wat engem ganz liicht iwwer d’Zong an iwwert d’Lëpse geet. Duerfir nach eng Kéier:
Grazie mille! all deenen, déi op déi eng oder aner Manéier un dësem Buch matgeschafft hunn – ech nenne léiwer kee mam Numm, well ech soss jo dach deen een oder anere vergiessen.
Grazie mille! de Responsable hei vum Boulodrome, datt mär haut däerfen hei sinn.
Grazie mille! dem Romeo vu Bari an all deenen Italiener, déi ech a mengem Liewe kennegeléiert hunn an ouni déi et dëst Buch niemools géif ginn.
Cin-cin! A votre santé! Prost! Salud!
Esch/Uelzecht, 20.10.2011 / Boulodrome Riganelli
Details zum Buch