Neuerscheinung November 2018

Tomas Bjørnstad präsentiert sein Debut, den Lyrikband Fjorde

In diesem teils autobiografischen Werk zeigt der Autor in seinen Gedichten Momentaufnahmen auf – einige erinnern an ganz kurze Geschichten –, die aber immer über den festgehaltenen Augenblick hinausweisen.

„Ein Auge nach außen und eins nach innen“ heißt es in dem Gedicht Tanzende, und dementsprechend wird beständig die eigene Wahrnehmung hinterfragt. Die Erwägung von Erlebtem ist nicht aufgemotzte Selbstdarstellung, sondern schonungslose Auseinandersetzung mit sich und der Gesellschaft.

 

Neuerscheinung November 2018

Bim & Anna - Eng kleng Geschicht vum Groussginn vum Olga Reiff

„Ech kann et eleng!“, dovun ass de klenge Bim iwwerzeegt. Seng Mamma weess dat, a léisst hire grousse Jong scho villes selwer maachen. Mee heiansdo muss en awer nach gehollef kréien an dat huet de Bim guer net gär.

Lëtzebuerger Buchpräis 2018

And the winner is ...

Mir gratuléieren de Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2018: Den Nico Helminger gouf fir säi Buch „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ mam Buchpräis an der renomméierter Kategorie Literatur ausgezeechent. An d’Keong-A Song, grad wéi den Thomas Schoos hu mam Wierk „Wooow!!! Lëtzebuerg“ d’Kategorie Kanner- a Jugendbuch gewonnen. Mir freeën eis iwwert dësen Erfolleg.

Neuerscheinung Oktober 2018

Wootleche Krich vum Jhemp Hoscheit

Mir sinn am Joer 1965, d’Zäit vum Kale Krich, iwwerall geet rieds vun der Rouder Gefor. Eng Clique Jugendlecher mécht sech an hirem Quartier op d’Sich nom Roude Jojo, enger Persoun, déi eng Gefor fir e klengt Meedchen duerstellt. 

 

Neuerscheinung Oktober 2018

Déidlech Ofgrënn aus der Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ vum Jean Schoos

Den drëtte Band ass do!

No Den drëtte Schlëssel a Schaarf Munitioun geet dem Jean Schoos seng Krimiserie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ iwwer den Enquêteur Fischbach elo weider. 1973. De Kommandant vun der Gendarmerie Brigade Rued-Sir Dominique Franck gëtt op Ouschtersonndeg moies fréi a sengem Büro opfonnt, mat enger Kugel am Kapp. Et schéngt ee sëffegen Owend gewiescht ze sinn, déi selwer gebrannte Mirabell steet nach um Dësch, grad wéi dräi Glieser...

 

 

Neuerscheinung Oktober 2018

Les Parasols de Jaurès - Le Murmure du monde / 8 de Lambert Schlechter

« Les Parasols de Jaurès » est le huitième volume du projet d’écriture « Le Murmure du monde », une vaste collection de fragments de prose, calibrés soit en alinéas soit en feuillets. Écrit de septembre 2008 à avril 2009 entre Montpellier, Lisbonne, la Toscane et le Luxembourg, ce livre pour le moins original, dédié à Anna, la fille de Lambert Schlechter, est sans aucun doute le texte le plus intime jamais écrit par l’auteur...

Neuerscheinung Oktober 2018

Kreuz und mehr von Jean Back

In Jean Backs neuem Werk kreuz und mehr, Reisen ins Himmelblau und ein Weihnachtsmärchen entführt er den Leser auf spannende und ungewöhnliche Reisen an neue und bekannte OrteEr beschäftigt sich mit dem Thema Reisen in seiner weitgefächerten Bandbreite. Dabei birgt jede Reise auch unerwartete Erlebnisse und Begegnungen, und gerade diese Erfahrungen sind es, die für den Reisenden den Zauber ausmachen und ihn immer wieder in die Ferne ziehen. 

Nei Publikatioun August 2018

De Schmunzel - eng ko(s)mesch Geschicht vum Jhemp Hoscheit mat Illustratioune vum Carlo Schneider

An dëser neier Abenteuergeschicht fir Kanner fannen zwee Bëschhuesen no engem Stuerm en décke Steen, deen an enger Kaul läit an awer mol sou guer net an d’Minettgéigend passt. D’Déieren am Bësch sinn all virwëtzeg a buddelen de Steen aus dem Buedem aus. Mee do geschitt eppes, wat net stengeméiglech ass ...

 

Neuerscheinung Juli 2018

Sympathesch Kauzen vum Henri Losch

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen op a féiert de Lieser mat sengem neiste Buch Sympathesch Kauzen an d'Vergaangenheet. Mee dës Kéier net a seng eegen, mee an déi vu Personnagen, déi him a sengem Liewe begéint sinn an Androck hannerlooss hunn. 

Literaturpreis Prix Servais 2018

Nico Helminger mit dem Servais Preis 2018 ausgezeichnet

Wir gratulieren Nico Helminger, der für „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ mit dem Prix Servais 2018 ausgezeichnet wurde.Die Fondation Servais vergibt jedes Jahr diesen Preis für das bedeutendste Buch des Vorjahres. Am Sonntag, den 24. Juni um 11.00 Uhr erfolgt die feierliche Überreichung des Preises im Centre national de littérature in Mersch.    

bei Facebook

newsletter

programm 2017/2018

literatur

openscience